Andeems Dir eis fir en traditionellt Begriefnis oder en Urnenbegriefnis kontaktéiert, këmmere mir eis drem den Steenmetzer vun Ärer Wiel ze kontaktéieren, deen sech dann ëm d'Ouverture vun Ärem Graft këmmert.
D’Maison PLATZ schafft mat engem Steenmetzerbetrieb, der Firma « Granite Platz & Co » vu Steesel zesummen. Dëst erlaabt et Iech souguer wann et néideg ass, en neit Grafmonument ze kreéieren. Granite Platz & Co schafft mat erfuerenen Handwierksbetrieber an héichqualitativen Materialien fir haltbar an ästhetesch opfälleg Stécker ze schaafen. Egal ob Dir personaliséiert Gravuren, spezifesch Musteren oder eenzegaarteg Materialien wëllt. D’Ekipp vun Granite Platz & Co ass do fir Är Iddien ëmzesetzen an esou eng Platz ze kreeéieren déi en schéint Undenken un Ären Léiwsten duerstellt