Gegrënnt vum Antoine PLATZ a senger Fra Caroline WIROTH kann d' "Maison Platz", fréier "Firma Antoine Platz", als ee vun den eelsten Pompes Funèbres zu Lëtzebuerg ugesi ginn. Deemools war d’Geschäft virun der Entrée vum Groussherzoglechen Palais, den Atelier war hannert engem Haus an der rue de la Boucherie, wou de Musée am Moment ass. Et gouf en neit Kapitel vun der "Firma Antoine Platz" ugeschloen. Bis ewell war et üblech, datt d'Famill am Doudesfall bei de Schräiner gaangen ass, fir eng Lued op Mooss gemaach ze kréien. D'"Firma Antoine Platz" war den éischten Pompes Funèbres am Groussherzogtum Lëtzebuerg, deen Doudelueden am viraus gebaut huet an soumat ëmmer en Depot vun Lueden zur Verfügung hat.