logo Platz

Pompes Funèbres Générales vu Luxembourg

Wann Matgefill a Professionalitéit am wichtegsten sinn, zielt op eis Famill ...

seperateur

Maison Platz

En neit Kapitel an der 120 jähreger Geschicht...

seperateur
fleur en arrière plan
carte du luxembourg

Duerch ganz Lëtzebuerg

Eis Firma këmmert sech op Wonsch vun den Familljen ëm all Formalitéiten, d’Prozeduren an d’Berodung am Moment vun engem Stierwfall, sou datt den Familljen déi administrativ Problemer erspuert bleiwen, déi zwangsleefeg ennert dësen schmerzhaften Ëmstänn optrieden.

Mir bidden Iech: Dag an Nuecht Service am ganze Land. Méiglechkeet fir d’Bestellungen doheem ze machen.

Wann de Client et wënschtt, këmmere mir eis ëm:

  • icone de journal    D’Doudesannonce (Wort, Tageblatt, etc.)
  • icone de tombe   D'Bestellung vum Steemetzer Ärer Wiel
  • icone de rose   Bestellung vun de Blummen an Arrangementer bei engem Gärtner Ärer Wiel
  • icone de calendrier   Em d’Organisatioun vun der reliéiser oder ziviler Zeremonie
  • icone de faire-part   Em d’Faire-Parten an Remercimenten
  • icone de faire-part   Méiglechkeet fir Bestellungen doheem op ze huelen
wavy separator

Begriefnes Servicer

Traditionellt Begriefnis

Mir hëllefen Iech bei der Organisatioun vun engem traditionellen reliéisen oder zivilen Begriefnis.

Méi gewuer gin flèche blanche

Anäscherung

Eng Anäscherung gëtt durchgefouert och ouni bei enger Verbrennungsfirma Member mussen ze sin.

Méi gewuer gin flèche blanche

Särg an Urnen

Mir hunn zu Lëtzebuerg a Steesel eng grouss Auswiel u Särgen an Urnen bereet stoen.

Méi gewuer gin flèche blanche

Transfert a Rapatriement

Transfert mam Leichenwon uerschtert d’ganzt Land. Rapatriementer mam Leichenwon oder Fliger.

Méi gewuer gin flèche blanche

Dispositioun fir d’Enn vum Liewen

Méiglechkeet Ärt Begriefnes ze definéieren (Begriefnis oder Anäscherung)

Méi gewuer gin flèche blanche

Kontakt

24h/24, 7j/7, Tel. 22 32 48

Méi gewuer gin flèche blanche
wavy separator
photo

An e puer Wierder

Pompes Funèbres sinn eng Firma déi intervenéiert wann e beléifte Mënsch stierft fir dann d'Begriefnes z’organiséieren.
D'Servicer, déi vum Pompes Funèbres ugebuede ginn, variéieren jee no der Demande vun de Familljememberen an de Wënsch vum Verstuerwenen.
Zu Lëtzebuerg sinn d'Pompes Funèbres strenge Reglementer ënnerworf, fir dem(r) Verstuerwenen an hirer Famill en wierdegt a respektvollt Begriefnes ze garantéieren. D'Federatioun vun de Pompes Funèbres, vun där d'Maison Platz Member ass, huet esouguer en Éierecode opgestallt, dee mir als Pompes Funèbres Générales Maison Platz ënnerschriwwen hunn an an eisen 2 Geschäfter ausgestallt hunn.

D'Maison Platz bitt eng grouss Auswiel u Särg a verschiddenen Holzarten, Faarwen a Präisser un, déi de Bedierfnesser vun Begriefnis, Anäscherung an de Virléiften vun den Hannerbliwenen entspriechen
Bei eis hutt Dir och d'Méiglechkeet Är Dispositioun fir d’Enn vum Liewen ofzeginn. De Choix tëscht Begriefnis oder Anäscherung gëtt dacks vu perséinlechen, reliéisen oder aneren praktesche Grënn motivéiert.

Den nationalen Transport vun den Verstuerwenen gëtt an ganz Lëtzebuerg mam Leichenwon assuréiert. D’Maison Platz bitt och de Rapatriement op Lëtzebuerg fir Leit, déi am Ausland gestuerwe sinn oder de Géigendeel, déi zu Lëtzebuerg gestuerwen sinn, a en Rapatriement an d’Herkunftsland, iwwerall op der Welt wellen. Dëse Service ass essentiell fir d'Familljen an die Hannerbliwen an erméiglecht hinnen, sech an hirem Hierkonftsland ze sammelen an ze traueren.

D'Maison Platz ass eng Entreprise mat enger laanger Traditioun, déi alles mécht fir Familljen an hir Hannerbliwen beim Doud vun enger beléifter Persoun z'ënnerstëtzen, eng lokal Gesellschaft déi mat den Bräich an Traditiounen vu Lëtzebuerg a punkto Begriefnes vertraut ass.

D'Equipe vun der Maison Platz ass de Partner vun der Wiel fir Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen oder mam Land verbonne sinn.

seperateur

Dat Verbliwent um Liewen halen

Näischt ass méi lieweg wéi eng Erënnerung

Erënnert Iech fir ëmmer, schätzt se fir ëmmer. Vill Leit hunn de Verloscht vun engem geléiwten Mensch nach ni erlieft a sinn ni opgefuerdert gewierscht endgülteg Entscheedungen ze treffen. A ville Fäll wësse mir net wéi eng Froen stellen wat eng Situatioun vun Durcheneen a Frustratioun mat sech brengen kann. D’Ziel vun der ganzer Equipe vun der Maison Platz ass et, sech ëm d’Famill ze këmmeren, hinnen eis Ënnerstëtzung, eist Matgefill an all eis Erfahrung zur Verfügung ze stellen, fir se an dëse schwéieren Zäiten ze entlaaschten. Rufft eis w.e.g. un fir datt mir Iech kennen hëllefen.

seperateur
chevron