Maison PLATZ
Detailer vun eise PLUS Servicer

PLUS Servicer Detailer
Blummendekoratioun D'Equipe vun der Maison PLATZ kann Iech iwwer Äre Choix u Blummen a Blummenarrangementer (Begriefnis/Krematioun) beroden an Iech bei engem Blummebuttek vun Ärer Wiel kontaktéieren.
Zeremonie a Musek Mir kënne Kontakt mam Vertrieder vum betraffenen Kult ophuelen oder am Fall vun enger ziviler Zeremonie mat engem politischen Responsabelen vun der Gemeng.

No de Wënsch vum Verstuerwenen an senger/hirer Famill gëtt all Zeremonie eenzegaarteg mat der personaliséierter Auswiel u Musek. D'Maison PLATZ huet säin eegenen transportablen Museksystem fir d'Zeremonien ze garantéieren.
Doudesannonce Als zertifizéiert Agence vum Lëtzebuerger Wort, guidéiert d'Equipe vun der Maison PLATZ Iech beim opsetzen vun Ärer personaliséierter Annonce a këmmert sech ëm d'Publikatioun an der Zeitung.

Mir hunn och d'Méiglechkeet se am Tageblatt oder an enger anerer Dageszeitung ze publizéieren.
Faire-part an Remerciement D'Maison PLATZ schafft momentan mat verschiddenen Dréckereien zu Lëtzebuerg zesummen, dorënner d’Dréckerei vun den Ateliers Kräizbierg (geschützten Atelier), d’Imprimerie Ossa an d’Imprimerie de l'Est. Eis Equipe kann Iech beroden an de Kontakt zu der Dréckerei hierstellen.
Staffelei a Kondolenzbuch Mir hunn d'Méiglechkeet Är Liiblingsfoto vum Verstuerwenen a kuerzer Zäit entwéckelen, vergréisseren an och arummen ze loossen (Foto Studio Mirgain). Wärend dem Begriefnis, enger Zeremonie an och an der Kierch kann d’Foto op enger vun eise Staffeleien presentéiert ginn.

D'Maison PLATZ huet och Kondolenzbicher fir Är Zeremonie, déi heiansdo als Souvenir gewënscht sin.
Kräiz - Steles fir ze personaliséieren Am Fall vun engem neie Graf, bidde mir Iech e Choix u Kräizer oder Stelen un déi nach duerch eng Gravur personaliséiert kënne gin. Dëst erlaabt Iech en Numm op d'Graf ze setzen, während Dir op dat definitivt Monument waart.
Zereck